Beyoncé Knowles: Nach Froen?!

Staarke Super Bowl Optrëtt, mat Destiny’s Child Reunion

Leschten Update: 04.02.2013, 11:04:05

© AFP


D’Beyoncé Knowles huet d’Halftime Show beim Superbowl gerockt. Am knappe Lederdress huet d’Beyoncé e Medley vu senge gréissten Hitte gesonge, dorënner „Crazy in Love“ an „Halo“. Highlight war de villspekuléierte Bühnecomeback vu senger fréierer Girlgroup Destiny’s Child. Mam Michelle Williams a Kelly Rowland huet dem Jay-Z seng Fra “Bootylicious”, “Independent Women” a “Single Ladies” gesong – am Géigesaatz zum Optrëtt bei der Vereedegung vum Präsident Obama des Kéier net Playback. Madame Knowles kann et also och live!