Noel Gallagher: Wat sees de?!

Fréieren Oasis-Frontmann huet Tinnitus

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:13

© AFP

Och groussaarteg Museker leide mol ënner Vollekskrankheeten. Des Kéier de Noel Gallagher – a mol eng Kéier si keng Drogen, Alkohol oder Kläppereien am Spill. Nee, dem fréieren Oasis-Star sinn di vill Concerte net gutt komm - de Gallagher leit ënner Tinnitus. Geschockt ass en allerdéngs net – dem Noel säi Kommentar no der Diagnos: „Ech hat eng groussaarteg Zäit, déi et op alle Fall derwäert war“. Majo dann...!