Grammy Awards: nei Live-Optrëtter konfirméiert

De Line-Up gëtt ëmmer méi grouss, an ëmmer besser

Leschten Update: 04.02.2013, 16:20:02

© AFP

Dass den Justin Timberlake bei der Grammy-Verleihung nächste Sonndeg wäert optriede, war scho länger gewosst. Och den Duett vum Ed Sheeran mam Elton John hate mir iech scho verroden. Nei dobäi komm ass elo d’Kombinatioun Bruno Mars mam Sting mam Rihanna! D’Alicia Keys geet zesumme mat Maroon 5 op d’Bühn – weider Optrëtter, ë.a. vum Kelly Clarkson, Frank Ocean, Fun. a Mumford and Sons goufen och konfirméiert.