Heino: Digitale Chef

„Mit freundlichen Grüssen“ stellt neien Download-Rekord an Däitschland op

Leschten Update: 05.02.2013, 12:40:26

© t-online.de

Den Heino huet e neie Rekord an der däitscher Digitalwelt opgestallt. Mat sengem neien Album „Mit freundlichen Grüssen“ huet de Mann mam donkle Brëll en top Verkafsstart higeluecht. Nach nie ass een Album vun engem däitsche Kënschtler an den éischten 3 Deeg méi oft legal erofgeluede ginn. Den Heino steet op Plaz 1 vun den Download-Charts – säin Album ass méi oft erofgeluede gi wéi déi op de Plazen 2 bis 25 zesummegerechent!