Miriam Bryant @ FFYS 2013

Muer gëtt de Line Up fir de FFYS 2013 annoncéiert. Eldoradio huet am Virfeld schonn een Act ugekënnegt, an zwar wäert d'Miriam Bryant hei optrieden

Leschten Update: 05.02.2013, 15:08:13

A senger schwedescher Heemecht gouf hatt grad vum renomméierten "Aftonbladet" zum "Breakthrough artist of 2013" gewielt. 

Lo wëllt d'Miriam Bryant a ganz Europa duerchstarten an huet Enn Januar seng éischt Single ”Finders Keepers” eraus bruecht. Soul trëfft hei op Beat. An ëmmer am Mëttelpunkt: seng eenzegaarteg Stëmm, där hir Wierkung sech réischt live ganz entfaalt.
 Live gesinn kënnt der hatt dëst Joer um Food For Your Senses Festival. Weider Bands ginn muer 6. Februar annoncéiert.


LINK: Homepage FFYS