Leslie Clio: Bescht Iddie kommen op der Rull

Inspiratiounsquell fir di däitsch Sängerin si laang Reesen

Leschten Update: 06.02.2013, 11:43:51

© spiegel.de

No sengem Schoulofschloss war d’Leslie Clio eng Partie Joeren duerch d’Welt gereest. Mat dobäi waren ëmmer Notizbuch an en Apparat fir opzehuelen. D’Inspiratioun zu senge Lidder huet d’Leslie op senge Reese fonnt. „Wann ech ënnerwee sinn, hunn ech de Kapp fräi a ka vill schreiwe“, sou di däitsch Newcomerin an engem Interview. 2 Joer huet et gedauert, bis dem Clio säin éischten Album „Gladys“ fäerdeg war – d’Aarbechte waren ëmmer rëm ënnerbrach vu Pausen... a vu Reesen.