Beyoncé: The Super Bowl Effect

Top Aschaltquote bei der Half Time Show, an d’Download-Venten explodéieren

Leschten Update: 06.02.2013, 11:46:14

© AFP

Kaum eng Bühn, op där d’Beyoncé nach net opgetrueden ass, mä e Concert virun 104 Millioune Leit hat och Madame Knowles nach net. Souvill Leit haten alleng an Amerika leschte Sonndeg de Super Bowl ageschalt. Just d’Madonna hat d’lescht Joer mat gutt 112 Milliounen Zuschauer nach méi Leit virun d’Tëlee gelackelt. D’Reunion mat senger Band Destiny’s Child huet dann och fir eng Explosioun um Download-Marché gesuergt – beim Beyoncé senge Lidder war et nom Super Bowl e Plus vun 230%, bei deene vun Destiny’s Child souguer 600%!