Madonna: Schaaf raume fir de gudden Zweck

Queen of Pop versteet Kostümer vu senger leschter Tour, fir den Affer vum Hurricane Sandy ze hëllefen

Leschten Update: 06.02.2013, 11:47:54

© AFP

De Megasturm „Sandy“ hat d’lescht Joer 253 Leit d’Liewe kascht, a fir Milliarde Schued gesuergt. D’Madonna weist sech elo eng weider Kéier spendabel, fir den Affer finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen. D’Queen of Pop wäert eng Rëtsch vun deene Kostümer versteeën, déi si während hirer leschter MDNA Tour gedroen huet. Ähnlech Spendenaktiounen haten och schonn d’Kristen Stewart, d’Sarah Jessica Parker an d’Selena Gomes an de leschte Woche lancéiert.