Rihanna: Repeat after me

D’Sängerin ass Inspiratiounsquell fir Englesch ze léieren

Leschten Update: 07.02.2013, 12:09:12

© AFP

Enger internationaler Etude no ass d’Rihanna déi Sängerin, déi Leit am meeschten dozou inspiréiert, englesch ze léieren. D’Hallschent vun de Kandidaten, déi englesch als Friemsprooch léiere, maachen dat, fir Promië besser ze verstoen. Bei de Museker virop ass d’Rihanna, viru Katy Perry a Beyoncé. Allgemeng di meeschte Leit zum englesch léieren inspiréieren deet den US President Barack Obama.