Heino: Rockmusek ass total lächerlech

De Schlagerstar hält net ganz vill vun de Lidder, déi hee gecovert huet

Leschten Update: 07.02.2013, 12:24:41

© focus.de

Den Heino huet ganz grouss Meenung vun deene Rocklidder, déi hee fir säi Coveralbum „Mit freundlichen Grüssen“ opgeholl huet. Wa Lidder sech vum Tounemfang bannent enger hallwer Oktav génge beweegen, da wier dat total lächerlech, sou de Volleksmuseker an engem Interview. Säin Enzian Lidd wier do scho méi usprochsvoll. Op d’Fro, firwat den Heino dann iwwerhaapt déi Lidder agesongen hätt, sot heen, d’Iddi wier aus sengem jonke Produzentenëmfeld komm. Ja nee is klar... Dat vill Geld, dat en elo mam Album verdéngt, hellt en awer bestëmmt dankend un...