Marilyn Manson: Gripp + Concert = Ofbroch

De Skandalrocker huet e Concert mussen ofbrieche, nodeems en op der Bühn zesummegebrach war

Leschten Update: 08.02.2013, 12:11:16

© AFP

De Marilyn Manson huet gëschter e Concert a Kanada mussen ofbriechen. De Schockrocker war während dem Lidd „The Beautiful People“ opeemol op d’Knéie gaang, huet ugefaang mat tierkele, fir duerno komplett ëmzefalen. D’Fans hunn den éischte Moment geduecht, dat géif zur Show gehéiere, well d’Band huet einfach weidergespillt. Wéi de Manson bis vun der Bühn gedroe gouf, war jidderengem den Eescht vun der Lag bewosst. Entretemps ass en awer scho rëm aus der Klinik – Gripp a gréisser Ustrengunge verdroen sech ebe net esou gutt.