Adam Levine: Deng Mamm!

De Maroon 5 Frontmann verzicht op en sexy Date bei der Grammy Verleihung

Leschten Update: 08.02.2013, 12:13:16

© AFP

Den Adam Levine wäert e Sonndeg op der Grammy Verleihung eng besonnesch Fra am Aarm hunn. Keen sexy Date, keng nei onbekannte Frëndin, nee, seng Mamm! Seng Band Maroon 5 ass fir zwee Grammye nominéiert, a vu dass si schonn eng Kéier gewonn hate, wou dem Levine seng Mamm och dobäi war, geet si des Kéier als Glécksbrénger mat. Maroon 5 wäerten e Sonndeg Owend och optrieden – wéi geneeë déi Performance ausgesi wäert, wollt den Adam net verroden. Et ginn awer Gerüchter em en Duett mam Alicia Keys!