Marina & The Diamonds @ den Atelier: cancelled

Nodeems de Concert schonn 2x verluecht gouf, gouf en elo ganz annulléiert >>>

Leschten Update: 11.02.2013, 14:56:13

Nodeems de Concert vu MARINA & THE DIAMONDS am Atelier schonn 2x verluecht gouf, an elo de 24. Abrëll sollt sinn, deelt den Atelier mat, dass dëse Gig elo ganz annulléiert ass. De Grond ass, dass de Management vun der Band déi ganz Tour ofgesot huet, deemno och de Concert zu Lëtzebuerg. D'Tickete ginn op de Verkafsplaze rembourséiert, all déi Leit déi iwwert atelier.lu gebucht hu, kréien d'Suen automatesch op hier Kreditkaart zeréckgebucht.