Gangnam Style: Esou 2012...!

Nofolger vum Psy-Welthit kéint de sougenannten „Harlem Shake“ ginn

Leschten Update: 12.02.2013, 13:12:00

De Gangnam Style vum Psy gëtt ronderëm de Globus parodéiert – elo kéint dann e Nofolger an de Startlächer stoen. Op youtube verbreet sech ëmmer méi de sougenannten „Harlem Shake“. De Move kënnt aus dem Hip Hop vu de fréien 80er Joren, an huet eppes liicht obszönes. Fir haut ass zu New York en „Harlem Shake“ Flash Mob ausgeruff, ënnert dem Motto „Gangnam Style ass esou 2012 – Harlem Shake muss et fir 2013 sinn“. Dat passend Lidd dozou (hei drënner) ass scho virunn 2 Joer erauskomm...!