Aus dem britesche Parlament wäert an 3 Woche fir eng kuerz Zäit e Concertssall ginn. De Fatboy Slim wäert de 6.Mäerz am sougenannten „Ënnerhaus“ optrieden. Op der Terrass vu Westminster wäert de bekannte Producer zesumme mat de Gewënner vun engem landeswäite Concours fir jonk DJen opleeën. „House the House“ heescht de Projet, vum deem souguer di verstëbste konservativ Deputéiert begeeschtert sinn.