The BRITS are coming!

BRIT Awards och 2013 erëm live an exklusiv vu London hei op Eldoradio

Leschten Update: 13.02.2013, 10:51:15

Wéi schonn déi läschte Joeren iwwerdréit Eldoradio och 2013 nees d’BRIT Awards, live an exklusiv vu London. E Mëttwoch 20. Februar ass et esou wäit - den Andy an de Jean-Claude starte mat enger Special-Sendung um 20h00, an d’Live-Iwwerdroung aus der O2 Arena zu London start dann um 21h00. Fir déi Leit déi dat verpassen, oder nach eng Kéier lauschtere wëllen, sende mir de Sonnden Owend 24.Februar nach emol vun 20h00-22h00 eng Highlights-Show. Tonnen Infos zu de BRIT Awards 2013 fannt dir op news.eldo.lu