
© AFP
Muncheree wäert iwwerrascht si, mä och d’Lady Gaga ass nëmmen e Mënsch. Si huet elo 3 Concerte vun hirer aktueller Tour mussen ofsoen. Zanter méi wéi engem Mount huet d’Lady Gaga eng hartnäckeg Foussverletzung, vun där bis elo keen eppes wosst. Entretemps ass doraus eng schwéier Entzündung ginn, déi goen, oder och nëmmen optrëppelen onméiglech mécht. Madame Gaga wollt hir Fans net enttäusche, mä muss elo op Uerder vum Dokter pauséieren. Ob a wéini d’Concerte nogeholl ginn, ass nach net gewosst.