Lady Gaga: Ënnert d’Messer

No Blessur Ofso vun der ganzer Tour

Leschten Update: 14.02.2013, 10:55:16

© AFP

Gëschter war et d’Meldung, dass d’Lady Gaga 3 Concerte vun hirer aktueller Amerika-Tour muss ofsoe wéinst enger Blessur, déi se wochelaang geheim gehal hat. Lo dann di ganz schlecht Noriicht fir d’Fans vun der exzentrescher Sängerin – si muss di komplett Tour ofsoen. D’Verletzung wier entretemps sou schlëmm ginn, dass d’Lady Gaga ënnert d’Messer muss. 21 Concerte vun hirer „Born this Way Ball Tour“ gi gestrach, a wéi et ausgesäit, net nogeholl – d’Fans kënne sech d’Geld vun hiren Ticketen zeréckfroen. Da mol gutt Besserung, Lady Gaga!