Vältesdag: Oldies but Goldies

De Billboard Magazine huet di erfollegräichste "Love Songs" vun allen Zäiten zesummegesicht

Leschten Update: 14.02.2013, 11:25:38

Fir Vältesdag huet den amerikanesche Billboard Magazine, unhand vun den Chartsplatzéierungen, di 50 erfollegräichste Liebeslidder vun allen Zäiten ermëttelt. A wann et em Léift geet, schénge verschidden al Schanke nach ëmmer am beschten ze sinn. Virop am Klassement fanne mir „Endless Love“ vum Lionel Richie, am Duett mam Diana Ross. 1981 war de Filmhit souguer mat engem Oscar präméiert ginn. Boyz II Men sti mat „I’ll make love to you“ op Plaz 2, virum Rihanna, dat mat „We found love“ den aktuellsten Hit an der Top 50 stellt.