De Kanye West an de Will Smith waren zesummen op de Karneval zu Rio de Janeiro. An inspiréiert vun deem wat se do gesinn an héieren hunn, ass di spontan Iddi entstan, e Latino-ugehauchte Lidd matëneen opzehuelen. Dank gudde Relatioune war séier en Tounstudio organiséiert, an di 2 hu lassgeluecht. Fäerdeg ofgemëscht gëtt de Song da bei hinnen doheem an Amerika. Numm vum Lidd an en eventuelle Release Datum stinn awer nach an de Stären.