Angel at my Table: O Canada!

D’lëtzebuerger Band spillt am Mäerz 3 Concerten a Kanada

Leschten Update: 15.02.2013, 11:54:25

Angel at my Table zitt et weider eraus an di grouss wäit Welt. No hirer Tour duerch Australie fiert di lëtzebuerger Band elo a Nordamerika. Angel at my Table wäerten a Kanada optrieden – am Kader vun der „Canadian Music Week“. Do triede während 6 Deeg op 60 Bühne méi wéi 1000 Artisten op. Enn Mäerz sinn 3 Concerte geplangt – 2 zu Toronto, an 1 zu Hamilton. Weider Infos och op der Facebooksäit vun Angel at my Table.