Sou jonk, a scho gëtt hirt Liewe verfilmt – One Direction si bannent kierzester Zäit vu Nobodies zu weltwäit gefeierte Stare ginn. A wat dat heescht, gesitt dir geschwënn am Kino. „1D3D“ ass en Documentaire iwwert di aktuell erfollegräichste Boygroup um Planéit. De Film ass vum Morgan Spurlock, dee mam Doku-Film „Super Size Me“ international bekannt gi war. Heen huet One Direction op hirer Amerika-Tour mat der Kamera begleed, a sämtlech Héichten an och Déifte mat der Kamera festgehal.