Grouss Eventer musse grouss gefeiert ginn – den Jay-Z wäert e Mëttwoch Owend no de Brit Awards eng rieseg Aftershow Party schmäissen. Käschtepunkt: £500.000. Deierste Schampes a Mieresfriëchte si schon an e Londoner Luxusrestaurant geliwwert ginn op seng Rechnung. Op der Lëscht vun den Invitéen sti natierlech och nëmmen di exklusivste Nimm: Justin Timberlake, Rita Ora, seng Fra Beyoncé Knowles, an d’Kylie Minogue, dat zanter kuerzem beim Jay-Z sengem Label Roc Nation ënner Kontrakt steet.