Bruno Mars: 18.10.2013 @ Rockhal

De Concert vum Bruno Mars ass SOLD OUT!

Leschten Update: 06.08.2013, 14:39:59

De Bruno Mars geet dëse Summer op Welttournee a kënnt an deem Kader och zréck op Lëtzebuerg!

Lass gaangen ass et an Nordamerika, wou de 27 Joer ale Sänger op senger "Moonshine Jungle Tour" a Stied wéi Los Angeles, New York oder Chicago opgetrueden ass.
No Amerika ass dann Europa mat Lëtzebuerg un der Rei.

Mëttlerweil ass de Concert SOLD OUT!

Är läscht Chance op Tickete fir de Concert vum Bruno Mars an der Rockhal!


Schéckt elo eng SMS mam Stéchwuert "Bruno Mars" op de 62456 (50cts / SMS) a gewannt 1 Koppel Tix!
De Bruno Mars hat an de leschte Joeren jo eng ganz Rei vun internationalen Hitten, och zesumme mat anere Staren wéi "Right Round" (mam Flo Rida), "Wavin' Flag" (mam K'naan), "Nothin' On You" (mam B.o.B) a "Billionaire" (mam Travie McCoy). Säin éischten eegene Solo-Hit war 2010 den Titel "Just The Way You Are".

Dono goung et weider biergop fir de Sänger.  "Grenade" war säin zweete groussen Solo-Hit, mat "The Lazy Song" huet hien de Summerhit 2011 firgeluecht.

Den ausverkaafte Concert vum Bruno Mars an der Rockhal am Oktober 2011 huet d'Fans hei am Land total begeeschtert.

Dës Kéier presentéiert de Bruno Mars säin neien Album "Unorthodox Jukebox" deen am Dezember 2012 eraus koum.

Weider Infos iwwert de Bruno Mars fannt der hei:
Homepage Bruno Mars