
© AFP
Den Travis Barker wäert net mat senger Band op Australien Tour goen. Grond ass seng Flugangscht, nodeems de Batteur viru gutt 4 Joer e schwéiere Fligeraccident sou just iwwerliewt hat. De Barker huet senger Band de Seege ginn, en Ersatzmann z’engagéieren, an huet sech bei sengen australesche Fans entschëllegt. Heen hofft, enges Daags erëm an Australie reese ze kënnen – dann awer mat engem Schëff.