
Den Tom Odell steet jo schonn als éischte Gewënner vun engem Brit Award fest – de britesche Newcomer wäert haut den Owend als éischte Mann de begierte „Critics‘ Choice Award“ verliehe kréien. Ënnert senge Virgängerinnen an där Kategorie waren z.B. d’Emeli Sandé, Florence and the Machine an d’Adele. An a punkto Frae fillt den Tom Odell sech wie et schéngt ganz wuel – ugangs der Woch huet heen als Iwwerraschungsgaascht op der Fashion Show vun enger bekannter britescher Kleedermarque gesongen.