Adele: Viva Las Vegas?

Nieft dem Britney Spears och lo eng Show am Spillerparadis fir d’Adele?

Leschten Update: 21.02.2013, 12:24:28

© AFP

Ob dat dem Britney Spears gefällt? Nieft him ass anscheinend och dem Adele zu Las Vegas eng grouss Show ugebuede ginn. A fir di britesch Sängerin wier dat eng praktesch Léisung – d’Adele wëllt wuel erëm optriede no der Gebuert vu sengem Kand, awer net mat em op Tour goen. Eng fest Show zu Las Vegas géif heeschen, d’Adele kéint gläichzäiteg op der Bühn stoe, sech em seng Famill këmmeren, an och nach u sengem 3.Album schaffen. Ob eppes aus dem perfekte Plang wäert ginn, steet nach an de Stären.