Robbie Williams: Eigentleche Gewënner vun de Brit Awards

No sengem Optrëtt bei de Brits sinn d’Vente vu senge Concertsticketen em 180% geklomm

Leschten Update: 21.02.2013, 12:26:14

© AFP

De Robbie Williams huet seng Comeback-Single „Candy“ gëschter Owend bei der Verleihung vun de Brit Awards live gesongen. D’Lidd war och fir de Präis vun der Single vum Joer nominéiert, huet awer géint „Skyfall“ vum Adele verluer. Dem Robbie dierft et egal sinn – heen huet genuch Brit Awards um Kamäin stoen. Agreable Nieweneffekt vu senger Brits-Performance: d’Vente vun den Tickete fir seng „Take the Crown“ Tour ass zanter gëschter Owend ëm 180% an d’Luucht gaang. De Robbie schéngt also den eigentleche Gewënner vun de Brit Awars ze sinn...!