Dem Michael Bublé säi neien Album „To be loved“ steet an de Startlächer. No Swing a Pop geet de Kanadier elo an de Beräich Soul iwwer. Bis ewell hat en sech dat net getraut, mä hellt den Challenge awer elo un, fir ähnlech “souleg” ze klénge wéi säi Lieblingsartist Michael Jackson. Dem Bublé ass et elo egal, wat d’Leit iwwert heen denken, an heen ass immens houfreg op säi neiste Wierk. „To be loved“ kënnt am Abrëll op de Marché, an em déi Zäit ass och d’Gebuert vu sengem éischte Kand geplangt. De Mann huet stresseg Zäiten an Aussiicht....!