Lily Allen: Zeréck op der Bühn

Di britesch Sängerin wäert bei enger franséischer Fashion- a Lingerie-Show optrieden

Leschten Update: 22.02.2013, 11:48:05

© focus.de

Nodeems d’Lily Allen Ufank Januar senger 2.Duechter d’Liewe geschenkt huet, ass hatt lo scho nees prett fir op d’Bühn ze goen. Enn des Mounts wäert di britesch Sängerin zu Paräis bei enger Fashion- a Lingerie Show optrieden. Och um Event dobäi, deen an der Bourse du Commerce wäert stattfanne, sinn d’Rita Ora an d’M.I.A. – als Produzent vun der Show ass de Mark Ronson engagéiert. A no 4 Joer Paus soll dann am Laf vum Joer och endlech e neien Album vum Lily Allen op de Marché kommen.