Den Adam Levine huet net wëlles, seng Band Maroon 5 eng Kéier opzeginn. Eng Solo-Karriär schléisst heen aus – e Solo-Album mat Coverlidder, gesongen zesumme mat anere Leit, kann de Levine sech zwar virstellen, mä en definitive Schluss bei Maroon 5 kënnt net a Fro. Nieft Gesang huet den Adam nach eng ganz Partie weider Talenter – hee souz schonn am Jury vun enger Talentshow, huet e Parfum erausbruecht, a wäert deemnächst och nach an engem Horrorfilm matspillen.