D’Geld läit op der Strooss

De meeschte Goss maachen d’Stare, wa se op Tour sinn

Leschten Update: 25.02.2013, 12:33:53

© AFP

Mat Plackeverkeef maachen d’Museker a Gruppen haut net méi vill Geld. Ween eppes verdénge wëllt, muss op Tour goen. Billboard huet elo eng Top 40 presentéiert, ween d’lescht Joer am meeschte verdéngt huet. An der Top 10 dovun hunn d’Leit méi wéi 84% vun hirem Geld mat Toure gemaach. Virop d’Madonna, mat 34.6 Milliounen Dollar – eng gutt Millioun hannendrun de Bruce Springsteen. Interessant: d’Adele an d’Taylor Swift sinn och an der Top 40, obwuel se guer net op Tour waren. Bei hinnen 2 koum d’Geld alleng duerch Plackeverkeef beieneen.

Hei d'Top 10:

•01. (--) Madonna (.6 million)
•02. (--) Bruce Springsteen (.4 million)
•03. (--) Roger Waters (.2 million)
•04. (--) Van Halen (.2 million)
•05. (03) Kenny Chesney (.1 million)
•06. (--) Dave Matthews Band (.9 million)
•07. (19) Tim McGraw (.3 million)
•08. (09) Jason Aldean (.6 million)
•09. (--) Coldplay (.3 million)
•10. (35) Justin Bieber (.9 million)