Queen: Just 15 Minutten

Laut neier Ëmfro wëllen di meeschte Leit e 15 Minutte Rendez-Vous mat der legendärer Rockband em de Freddie Mercury

Leschten Update: 03.04.2013, 10:37:49

© afp

Am Kader vum Lancement vun enger neier Tëlee's Chaine a Groussbritannie gouf eng Ëmfro lancéiert, an där d’Spectateure sollte soe, mat wéi enger musikalescher Legend si am léifste 15 Minutte wéilte verbréngen. Klore Gewënner vun der Ëmfro ware Queen – dem Freddie Mercury seng Magie wierkt nach ëmmer. Plaz 2 war fir den David Bowie, dee jo réischt viru kuerzem e neien Album erausbruecht huet. Iwwer Plaz 3 kann de Stevie Wonder sech freeën – hannendru komme Fleetwood Mac, Oasis an de Bryan Adams.