Bon Jovi sinn de Moment op Welttournée. Bis Enn Abrëll spillen se a Nordamerika, duerno geet et a Südafrika an an Europa. Net méi mat dobäi ass de Richie Sambora. De Gittarist vu Bon Jovi huet, wéi et heescht, aus perséinleche Grënn, die aktuell Tour verlooss. D’Concerte wäerten awer wéi geplangt mat engem Ersatzgittarist stattfannen. Genee Detailer, wisou de Sambora d’Tour ofgebrach huet, si bis elo nach keng gewosst. Virun 2 Joer hat de Gitarrist scho mol dat selwecht gemaach, fir an eng Entzuchsklinik ze goen.