Och no 50 Joer Bandgeschicht si se nach ëmmer net midd. D’Rolling Stones wäerten dest Joer net nëmme fir di éischte Kéier an hirer Karriär um Glastonbury Festival spille, mä och no 44 Joer erëm zu London am Hyde Park optrieden. De 6.Juli wäerten d’Stones do um „British Summer Time Festival“ spillen. Weider bekannte Nimm op der Lëscht sinn z.B. The Temper Trap oder The Vaccines. Virun de Concerten an der Heemecht ginn d’Rolling Stones dann och erëm op Tour. 9 Fréijoers-Concerten an Amerika an a Kanada sti scho fest – an deem Live-Féiwer an deem se sech grad befanne, si weider Datumer wuel net ausgeschloss...!
Los Angeles, Staples Centre (TBA)
Oakland, Oracle Arena (May 5)
San Jose, HP Pavilion (8)
Las Vegas, MGM Grand (11)
Anaheim, Honda Center (15)
Toronto, Air Canada Centre (25)
Chicago, United Centre (28)
Boston, TD Garden (June 12)
Philadelphia, Wells Fargo Center (18)