Lady Gaga: Net fir Republikaner

D’Skandalsängerin huet en Optrëtt bei der Nationalversammlung vun den amerikanesche Republikaner refuséiert

Leschten Update: 04.04.2013, 11:49:51

© afp

Wéi elo bekannt gouf, huet d’Lady Gaga leschten August refuséiert, am Kader vun der Nationalversammlung vun den amerikanesche Republikaner opzetrieden. Trotz enger Gage vun 1 Millioun Dollar, déi d’Konkurrenzpartei vum Präsident Barack Obama der Sängerin ugebueden hat. Ofgesinn dovunn schéngt et der Lady Gaga no hirer Operatioun erëm besser ze goen. Am Juni geet se mam Tony Bennett an de Studio fir e kompletten Jazzalbum opzehuelen, an hiren 3.Studioalbum „Artpop“ wäert spéider am Laf vum Joer op de Marché kommen.