Joss Stone: Erliichtert no Geriichtsuerteel

Di 2 Männer, déi virun 2 Joer probéiert haten, d’Sängerin ëmzebrénge, mussen an de Prisong

Leschten Update: 04.04.2013, 12:02:32

© stadtmagazin.com

Virun 2 Joer haten 2 Männer probéiert, beim Joss Stone doheem anzebriechen, an d’Sängerin ëmzebréngen. No Hiweiser vu besuergte Nopere waren d’Brigange wéineg spéider an der Géigend vum Joss sengem Haus festgeholl ginn, am Besëtz vu Schwäerter, Messere, Seeler an engem Bodybag. Een vun den 2 Männer ass elo zu opmannst 10 Joer an 8 Méint festem Prisong veruerteelt ginn – d’Strof fir säi Kompliz gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt. D’Joss Stone ass erliichtert, a freet sech dass di 2 Männer, di sämtlech Beschëllegunge vu sech gewisen haten, elo kengem méi eppes kënnen doen. Als Beweismaterial huet ënnert anerem e Pabeier gedéngt, wou ee vun de Verbriecher drop geschriwwen hat, d’Sängerin misst wéinst hirer perséinlecher Frëndschaft zum verhaasste britesche Kinnekshaus stierwen.