De Mark Knopfler sollt u sech am Juni 2 Concerten a Russland ginn. De fréiere Mastermind vun den Dire Straits huet seng Optrëtter zu Moskau an zu St. Petersburg awer ofgesot, aus Protest géint Razzien vu russeschen Autoritéite géint Mënscherechtler. D’Art a Weis vun de Repressioune géint Netregierungsorganisatioune wéi Amnesty International a Human Rights Watch wiere net z’acceptéieren, sou de Knopfler an engem Statement op senger Internetsäit.