De La Soul bréngen di nächst Woch eng nei Single eraus – inclus den éischte Video zanter 9 Joer. „Get away“ heescht d’Lidd – am Text geet et drëms, wou den Hiphop grad drun ass. Alles géng de Moment d’selwecht kléngen, et géif just nach ëm Business goen a keen hätt eng wirklech Message a sengen Texter. „Get away“ markéiert den Optakt vun enger ganzer Serie De La Soul-Singlen. All Mount soll elo via Youtube, Twitter, Facebook a soss soziale Medien e neit Lidd lancéiert ginn. Ob de laang erwardten Album „You’re Welcome“ irgendwann nach op de Marché kënnt, ass ongewëss. De La Soul soen, de Moment ass et méi clever, Singlen eraus ze brénge, wéi e kompletten Album. On verra…