Bon Jovi : Wat da lo?

Aktuell Tour geet och ouni Richie Sambora weider – 100.000$ Spent fir SDFën

Leschten Update: 05.04.2013, 09:56:56

© afp

« Aus perséinleche Grënn » hätt de Richie Sambora di aktuell Tour verlooss – sou steet op der Bon Jovi Homepage ze liesen. Konkret Grënn goufe nach ëmmer keng genannt. Gerüchter, de Gittarist hätt erëm Alkohol- an Drogeproblemer, waren opkomm. Aus dem Backstage komme Gerüchter, dass de Richie an den Jon Bon Jovi sech wéinst der Opdeelung vun de Revenu‘en an d’Hoer krit hätten. Jiddefalls huet den Jon gëschter um Concert zu Calgary d‘Fans em hir Ënnerstëtzung gefrot – si hätte just zwou Méiglechkeete gehat: entweder hir Saache paken, oder ouni de Sambora, deen elo eng Zäitche net dobäi wäert si, weider maachen. Virum Optrëtt huet d’Grupp iwwregens 100.000 Dollar gespent un eng Organisatioun fir Obdachloser.