Beyoncé & Jay-Z: War dat erlaabt?

Ween hat der Superstar-Koppel d’Genehmegung ginn fir op Kuba de 5. Hochzäitsdag ze feieren?

Leschten Update: 08.04.2013, 11:32:59

© afp

D’Biller gounge viru kuerzem ronderëm d’Welt: d’Beyoncé an den Jay-Z hunn op Kuba hire 5.Hochzäitsdag gefeiert. Problem un der Saach: US-Bierger dierfe net einfach sou ouni Sonnererlaabnis als Touristen op d’Insel areesen. 2 amerikanesch Deputéierter wëllen elo vun der Regierung Obama wëssen, ween den „OK“ ginn huet fir di Rees. En onerlaabten Trip ka mat bis zu 10 Joer Prisong bestrooft ginn. Mä wat kann engem scho grouss geschéie, wann ee sou gutt Kolleg ass mam Präsident wéi d’Beyoncé an d’Jay-Z...