Wéi elo bekannt gouf, war den George Michael di leschten 2 Méint an Australien an enger Rehabilitéierungsklinik (Käschtepunkt £27.000 d’Woch). No senger schwéierer Longenentzündung virun annerhallwem Joer hat de Sänger gemengt, Musek wier di beschte Medezin fir erëm op d’Been ze kommen. Posttraumatesch Erliefnisser an aner Angschtzoustänn hate leschten Hierscht awer zum Ofbroch vu senger aktueller Tour gefouert. Hoffe mer dass de fréiere Wham-Sänger da lo erëm op d’Been wäert kommen.