D'Adele wëllt mat der Zäit goen. Et gëtt gemunkelt, déi britesch Sängerin wier erëm am Studio fir nei Musek opzehuelen. An déi nei Lidder fir de nächsten Album solle sou modern an innovativ wéi méiglech kléngen. Dowéinst huet d’Adele sech Producere gesicht, déi scho beim Jessie Ware, den Arctic Monkeys a Florence and the Machine fir innovativ Musek gesuergt hunn. Et geet einfach drëms, en zäitgeméissen a gudde Sound ze presentéieren – an et wäert net einfach ginn, well di ganz Welt mat Spannung a kriteschen Ouneren op de Successeur vum Mega-Album „21“ ward.