
© afp
Den Joel Madden ass en éierlechen Typ. An engem Interview huet de Sänger vu Good Charlotte elo verroden, dass heen doheem en Trophäenzëmmer huet. Hee setzt sech do an eng Fotell, kuckt sech seng Awards un, a fillt sech da richteg glécklech. Fir di éischte Kéier krut de Madden elo en Telee’s Präis verliehen – fir seng Roll als Jurymember an der australescher Editioun vun „The Voice“. Eng weider Trophä am Regal, déi elo ab und zu bewonnert wäert ginn...!