
© afp
« Overexposed », den aktuelle Maroon 5 Album huet weltwäite riise Succès. Adam Levine a Co schaffen awer schonn um Nofolger. An dee wäert e gudde Batz méi däischter kléngen. Maroon 5 wäerte weider eng Popband bleiwen, obwuel den Adam och gäeren e richtege Rockstar wier. Vläicht dowéinst wäerten hir nei Lidder méi düster ausfalen, net méi sou happy a blénkeg kléngen. Wéini de neien Album erauskënnt, steet nach an de Stäre – Maroon 5 ginn am Summer fir d’éischt mol mam Kelly Clarkson op US Tour.