Kurt Cobain: Biller vum Doudesdag

19 Joer nom Suizid sinn elo nei Fotoe vun der Plaz opgedaucht

Leschten Update: 09.04.2013, 13:05:53

© afp

Viru 19 Joer hat de Kurt Cobain sech doheem zu Seattle d’Liewe geholl. Réischt elo si nei Fotoe vun der Onglécksplaz opgedaucht. 3 Fotografe vun der Zeitung „Seattle Post Intelligencer“ ware mat déi éischt op der Plaz, mä di meeschte vun hire Biller waren an den Archiver geland. Entretemps kann een d’Blat just nach online liesen, mä et gouf elo decidéiert, weider Biller ze publizéieren. Dorop gesäit een z.B., trauernd Fans virum Haus, a wéi de Kurt Cobain oftransportéiert gëtt.

© seattle post silencer

Fir de Link vun der Zeitung, mat am ganzen 68 nei-verëffentleche Fotoen HEI KLICKEN!