Linkin Park: We want you!

Chester Bennington & Co siche Kënschtler ënnert hire Fans fir en Tour-T-Shirt ze designen

Leschten Update: 10.04.2013, 10:47:46

© afp

Cool Aktioun, oder si se einfach liddereg? Linkin Park sichen de Moment ënnert hire Fans Artisten, Zeechner, Moler an Designer. D’Leit sollen der Band Biller vun hire Konschtwierker schécken, déi vu Linkin Park hirer Single „Castle of Glass“ inspiréiert ass. De Gewënner krit 500 Dollar, an säi Bild wäert op de nächsten Tour-T-Shirt gedréckt ginn. Sämtlech Infos fir d’Kënschtler ënnert iech dobausse fannt dir op linkinpark.com