
© afp
De Song “Ding Dong the Witch is dead”, aus dem Fantasy-Filmklassiker “The Wizard of Oz” steet de Moment op Plaz 1 vun de UK Charts. Grond ass den Dout vun der fréierer Premierministesch Margaret Thatcher. D’Lidd war zanter 1939 direkt puermol gecovert ginn, ë.a. vum Barbra Streisand. Grond fir d’Operstéiung vum Lidd dierft e Song vun der Indieband Hefner sinn. Déi hate virun 13 Joer en Deel vum „Ding Dong“ Lidd an hirem Song „The Day that Thatcher dies“ agebaut. Briteschen Humor eben…
Originalfaassung aus dem Film "Wizard of Oz"
Den Hefner Song vun 2000
"Reaktiounen" op den Dout vum M. Thatcher