OneRepublic: 11.4. live @ Rockhal

OneRepublic hunn een neien Album um Start. "Native" ass Enn Mäerz eraus komm an dësen Donneschdeg presentéiert deen Album live an der Rockhal.

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:12

An hiren éischte Joeren gouf OneRepublic vrun allem am Internet populär. Zanter dem Joer 2004 goufen d’Lidder vun der Band op myspace iwwer 22 Milliounen Mol weltwäit ofgespillt. Am Summer 2006 wielen d’User si hei zur beléifster Band. Vëlleg erstaunt liesen d‘Jongen E-Mailen, an deenen Jugendlecher hinnen erzielen, dass hir Lidder si vum Selbstmord ofhalen oder hinnen iwwert d‘Scheedung vun den Elteren ewech hëllefen.

Mam iwwerraschenden Erfolleg kommen och Offeren vu Plackefirmaen eran. Déi interessantst kënnt vum renomméierten HipHop-Produzent Timbaland. D’Jongen ënnerschreiwen doropshin als éischten  Rockact beim Timbaland sengem Label.

De Remix vun "Apologize" kënnt um Timbaland engem Album "Shock Value“ eraus a mécht OneRepublic iwwert d‘Grenzen vun hirer Heemecht eraus bekannt. D‘Single klëmmt an 18 Länner op Platz 1.

No enger grousser Concertstour schaffen OneRepublic un engem würdegen Nofolger. "Waking Up" kënnt 2 Joer nom éischten Erfolleg. D’Single "Secrets" fënnt, genee wéi schonn "Apologize", de Wee an de Soundtrack op engem Kinofilm.

Nach méi massiv an melodiéis fält de Sound vum 3. Studioalbum aus. Fir dëst aktuellt Wierk mam Numm "Native", reesen OneRepublic ronderëm di hallef Welt a kombinéieren hire Pop-Rock mat Aflëss aus Elektro, Gospel, Blues a Folk. „Et braucht een eben net ëmmer 300 Beats pro Minutt, fir d’Leit ze bewegen. Heiansdo geet eng Akustikgittar an de passende Gesang duer. 

Weider Infos an Tix: LINK. Rockhal