Adam Levine: President’s Price

De Maroon 5-Frontmann gëtt fir seng Leeschtunge vun der amerikanescher Organisatioun fir Museksrechter ausgezeechent

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:12

© afp

An och den Adam Levine ka sech iwwert e weideren Award freeën. De Frontmann vu Maroon 5 gëtt de 14.Mee zu Beverly Hills mam Präis vum Präsident vun der amerikanescher Museksrechterorganisatioun BMI ausgezeechent. Grond sinn dem Levine seng aussergewéinlech Leeschtungen am Beräich Songwriting, a säi weltwäiten Afloss op d’Popkultur. De Präis vum Präsident hunn ënnert anerem och schonn de Juanes, d’Taylor Swift, d’Gloria Estefan a de Willie Nelson iwwerreecht krit.